D'Patiente Vertriedung asbl plädéiert mat dësem Communiqué dofir, dass Besuchsreegelen an de Spideeler geännert gi.
D'Patiente Vertriedung asbl ass vu Leit kontaktéiert ginn, déi duerch déi momentan geltend Reegelung net konnte bei hirem stierwenden Partner oder Familljemember sinn, an en an de leschten Stonnen konnte bäistoen.
Am Moment dierf een Patient pro Dag 1 Stonn Besuch kréien an dëst nëmmen vun enger Persoun. Dess Reegelung ass ze vill aschränkend an och net flexibel, sou dierf z.B. eng Persoun déi am Rollstull sëtzt an eleng net méi richteg eens gëtt, keng Begleetpersoun mat an d’Spidol huelen, sou, dass eng Visitt gänzlech onméiglech gemaach gëtt!
Et muss dach méiglech sinn, mat den entspriechenden sanitäre Mesuren dei nach ëmmer en Place sinn an de Spideeler, dass schwéierkrank Patienten oder Patienten déi am stierwe leien, éierevoll behandelt gi, an, an dëse schwéiere Momenter net eleng gelooss gi.
Datt d'Recht op Besuch limitéiert ginn ass an der Zäit, wou et iwwerall u Schutzmaterial gefeelt huet, huet vill Sënn gemaach, ma elo gëtt et déi Penurie net méi. Natierlech mussen déi néideg Hygiènesmesuren agehale ginn, fir d’Patienten ze schützen, ma manner streng Mesurë wieren ubruecht!
Si sinn eleng, hunn keen Zousproch a kee Réckhalt vun hirer Famill an dat ass eng Situatioun, déi si an och hier Famillje just ganz schwéier kéinten erdroen.
D’Patiente Vertriedung asbl appelléiert un d’Versteesdemech fir den Leed vun den Patienten déi eleng an ouni entspriechenden Zousproch a Réckhalt vun hirer Famill mussen eens gi an dat ass eng Situatioun, déi si an och hier Famillje just ganz schwéier kënnen erdroen.
Dësen Appell vun der Patiente Vertriedung asbl geet un d’Regierung an un d’ Federatioun vun de Spideeler: “ Hieft Restriktioun vun engem Visiteur an enger Stonn Visitt pro Dag op! Iwwerhuelt Är Verantwortung an iwwerloosst d’Patienten net der Willkür vun den eenzelen Haiser!“