Oppene Breif: Altersheemer a Spideeler mussen nees e Besuchsrecht kréien

28.05.2020

D'Patientevertriedung plädéiert an engem oppene Bréif nach emol dofir, datt d'Awunner vun all Altersheem an d'Patienten aus all Spidol erëm misste kënne Besuch kréien.

D'Patiente Vertriedung get all Dag vu Leit kontaktéiert, déi hier Familljememberen zënter Wochen net méi gesinn hätten. Dat ass eng ganz schwéier Situatioun fir béid Säiten an si kennt der mentaler Gesondheet vun deene Betraffenen net ze gutt.


Am Bréif, deen un d'Regierung an un d'Federatioun vun de Spideeler adresséiert ass, appelléiert d'Patientevertriedung u SI Versteesdemech fir d'Awunner vun Altersheemer an d'Patienten an de Spideeler ze hunn. Si sinn eleng, hunn keen Zousproch a kee Réckhalt vun hirer Famill an dat ass eng Situatioun, déi si an och hier Famillje just ganz schwéier kéinten erdroen.

Datt d'Recht op Besuch limitéiert ginn ass an der Zäit, wou et iwwerall u Schutzmaterial gefeelt huet, huet vill Sënn gemaach, ma elo gett et déi Penurie net méi. Dobäi kéim, datt d'Zuel vun den neien Infektiounen op engem ganz nidderegen Niveau ass, d'Geschäfter erëm opgaange sinn, d'Terrassen erëm op sinn an d'Restaurante vum Weekend un och.

Nieft dëse Moossname fir de Pleséier misst awer och grad elo e Wee fonnt ginn, fir erëm d'Famill am Spidol oder am Altersheem kënnen ze besichen. Et geet hei ëm dat psychescht Wuelbefanne vu ville Leit an et muss verhënnert ginn, datt si mental ofbauen, well se kee Kontakt méi mat der Aussewelt hunn.

Natierlech mussen déi néideg Hygiènesmesuren agehale ginn, fir déi vulnerabel Leit ze schützen, ma manner streng Mesurë wieren elo och an deem Beräich ubruecht!