D’Patiente Vertriedung Asbl fuerdert scho säit Joren Verbesserungen an der Psychotherapie, huet sech och mat Vertrieder vun der FAPSYLUX a.s.b.l. getraff, fir sech mat hinnen iwwert hir Aarbecht, wéi och iwwert hir Usiichten am Kader vun den Verhandlungen iwwert eng Konventioun mat der CNS auszetauschen. D’Patiente Vertriedung Asbl huet och bei Responsabel vun der CNS an beim Minister vun der Sécurité Sociale intervenéiert, fir dass dess Konventioun endlech zu engem Oofschloss kennt an et zu enger Eenegung vun der CNS an der Fapsylux muss kommen.
Leider hunn mir missen feststellen, dass Ufanks Mäerz d'Fapsylux eng Tarif-Recommandatioun un hir iwwer 500 Memberen erausginn huet, déi sech op 175 € pro Seance beleeft. Dëst ass fir vill Patienten ee Montant deen Sie sech net leeschte kennen. D’Patiente Vertriedung Asbl ass schockéiert, dass hei de Patient an dëse Verhandlungen als Geisel geholl gëtt. Patienten déi elo hier Therapie missen ënnerbriechen, well Sie sech eng Therapie net méi leeschten kennen!
D’Patiente Vertriedung Asbl mécht dofir nach eng Kéier den Appell un all déi Bedeelegt fir sech un een Dësch ze setzen an endlech zu engem Accord ze kommen. Am aneren Fall wier et un der Zäit, dass endlech géif eng politesch Decisioun geholl gi fir dëst Kapitel zu engem Ofschloss ze bréngen!
Lëtzebuerg,4. April 2022