Communiqué de Presse : Réforme Adapto 2

12.02.2020

Vum 1. Mäerz u sinn d'aktuell Kaarte fir den Adapto-Transport net méi valabel.
 
Vun deem Datum u changéieren nämlech d'Konditiounen an dës Transporter gi gratis. Deemno mussen d’Benotzer, déi aktuell op den Adapto zeréckgräifen, eng nei Demande stelle mat engem neien Certificat vun engem Dokter.
 
D’Patiente Vertriedung an d’Amiperas stelle fest, datt et de concernéierten behënnerten an eelere Leit net wäert méiglech sinn, bannent deem Delai vu nëmmen engem Mount en Dokter opzesichen. Duerfir soll deen Delai verlängert ginn. Hei muss een sech och d’Fro stellen vun der Finanzéierung, wann den Dokter eng visite majorée verrechent, déi nëmmen all 6 Méint vun der Gesondheetskeess rembourséiert gëtt, dann missen Leit déi oft finanziell schonn net gutt do stinn dat aus hirer eegener Täsch bezuelen. Wann d’Gesondheetskeess et awer rembourséiert, gëtt eis Gesondheetskeess fir eng Hallef Millioun Euro belaascht.
 
 


10.000 zum gréissten Deel eeler, respektiv handicapéiert Leit sinn vun dëser Reform betraff a missen elo mat den neie Konditioune liewen.  En aneren Probleem gesin d’Patiente Vertriedung an d’Amiperas bei de Sammel-Transporter, woubäi Doktesch- oder Spidols-Rendez-vousen mat gréissere Problemer ze rechne wier. Dofir d'Revendicatioun, datt Eenzeltransporter misste méiglech bleiwen.
 
Leider ass desse Formulaire och nemmen Online ze fannen. Eng weider Hürd fir eeler Leit an Leit dei net emmer selwer een Zougang zum Internet hunn.
 
D’Patiente Vertriedung an d’Amiperas fuerderen och eng méi grouss Transparenz, et ass eng grouss Veronsécherung ze spieren an d’Patiente Vertriedung kritt eng selechen Appeller wou Patienten froen wei een sech dann elo muss an soll uleeë. Dofir soll de Ministère oppen kommunizéieren wat dann elo d’Critèren sinn fir nach eng Adapto-Kaart ze kréien. Wei een Service kuckt dat no, ass do den Secret Medical nach assuréiert ?
 
E weideren Kritikpunkt ass och nach d’Zuel vun den Faarten, dëst sinn elo 360 Faarten, wat, wann een et ofrechent ob de Mount, nach ëmmer nëmmen 15 Aller-Retour Faarten sinn. Also am Fong bléift och do alles beim Alen, Leit mat Behënnerung déi Kanner hunn, déi an engem Veräin aktiv sinn, etc, kommen mat esou enger Unzuel ganz bestëmmt net aus. Dofir fuerderen d’Patiente Vertriedung an d’Amiperas och do weider eng Verbesserung vun dem Adapto Service.
 
En Conclusioun fuerderen d'Patiente Vertriedung an d’Amiperas de Minister op, d'Adapto-Reform à la Base z'iwwerschaffen an de Realitéite vun den eeleren an kranke Leit unzepassen, déi op dës Transporter ugewise sinn.