Öffentleche Bréif : Prise en charge vun Net-COVID-19 Patienten betreffend

18.04.2020

D'Patiente Vertriedung huet een oppenen Bréif un d'Regierung an un d'Gesondheetsministesch geriicht:

Dëst ass zu engem d'Besuchsrecht vun den Patienten an den Klinicken ewéi bei den Eeleren Leit an den Alters- Fleegeheimer, an zum zweeten d'Versuergung vun den Net- COVID-19 Patienten .

Ëmmer méi Leit wenden sech un eis, Patiente Vertriedung asbl, wéinst der Problematik wat Besuchtsrecht vun hiren Léifsten an engem Spidol oder Alters- Fleegeheim ubelaangt.



Madamm Minister Lenert,

Dir Dammen an Hären vun der Regierung,

 

Patiente Vertriedung asbl erlaabt sech, un Iech erunzetrieden am Bezuch zu verschidden Doleancen, wou ëmmer méi un Patiente Vertriedung asbl erugedroen gin.

Dëst ass zu engem d'Besuchsrecht vun den Patienten an den Klinicken ewéi bei den Eeleren Leit an den Alters- Fleegeheimer, an zum zweeten d'Versuergung vun den Net- COVID-19 Patienten .

Ëmmer méi Leit wenden sech un eis, Patiente Vertriedung asbl, wéinst der Problematik wat Besuchtsrecht vun hiren Léifsten an engem Spidol oder Alters- Fleegeheim ubelaangt.

Mir kréin matgedeelt, dass d'Leit ee Besuchrecht verweigert kréin, an géing sech op d'Coronavirus Bestëmmungen beruff gin. Net all Patient ass een COVID-19 Patient an och net all Spidol betreit d'COVID-19 Patienten an hirem Haus, z.B. CHEM zu Nidderkuerer.

Mir erlaben eis ze ënnersträichen, dass fir vill Leit den Besuch ganz wichteg ass, esouwuel an dem Spidol ewéi an Alters- Fleegeheim. Eeler Leit verstinn net, firwat, hir Léifsten, elo net méi dierfen bei si kommen, no hinnen kucken. Den Risiko, dass dement Leit, hir Léifsten no enger Zäit net méi erëm erkennen ass hei ganz grouss.

Leider hunn och d'Maternitéen et verbueden, dass bei der Gebuert eng Begleetpersoun dierf dobäi sinn, ee Moment wou fir vill Leit mat groussen Angoissen verbonnen ass, an wou se hiren Partner un hirer Säit brauchen. Mir géifen eis och hei wënschen dass Famillen dësen Moment vum Liewensufank vum neien Familljemember kennen zesummen verbréngen.

Weider betrëfft et och oder virun allem d’Situatioun, wann en Patient oder Bewunner um Stierwe leit an d’Famill et verweigert kritt, den Patient oder den Bewunner namol ze gesinn, fir him kënnen Äddi ze soen. Dëst ass awer en wichtegt Element am Trauerprozess fir kënnen adequat den Doud vun engem Léifsten ze verschaffen. Och fir deenejéinegen dem um Stierwen leit, ass et een wichtegt Element namol kënnen d’Hand vun deemjéinegen ze halen, mat dem een säin Liewen verbruecht huet oder den een opgezunn huet. Stierwen mécht Angscht, eleng Stierwen mussen ass onmënschlech.

Mir hunn natierlech Verständnis dofir, dass net eng ganz Famill kann Abschid huelen, mee op mannst den Partner oder d’Kanner vun dem Patient oder dem Bewunner misst kënnen ënner entspriechenden Virkéirungen bei sengem Léifsten, an dem Moment sinn.

Patiente Vertriedung asbl kritt och ëmmer méi matgedeelt, dass ganz vill Interventiounen an Ënnersichungen asw. ofgesot gin, mat der Begrënnung, dass Coronavirus Patienten d'Prioritéit hätten.

Den Statistiken no wären am Moment eng 200 Leit mam COVID-19 infizéiert an, an medezinescher Behandlung. Och sinn no Aussoen vun den Dokteren, däitlech manner Leit, déi momentan d’Urgencen opsichen. Deemno misst also d’Méiglechkeet bestoen, dass och aner Patienten kënnen en Charge geholl gin oder gesinn mir dat falsch ?

Mir froen ons, virwaat, gin déi aner Patiente net en Charge geholl ?

Servicer gin agestallt, Ënnersichungen ewé z.B. Scanner, Scientigraphie asw. ofgesot oder den Patient kritt guer keen Rendezvous. Rendezvous bei Spezialisten gin ofgesot, Operatiounen gin op weideres verluecht, ouni Angab vun enger Zäit. Medezinesch Traitementer gin net mat Zäiten ausgeféiert, wat zu aneren Problemer féieren kann.

Déi betraffen Leit kréin just matgedeelt, dass wann "Alles erëm Normal" verleeft, géngen se ee neien RdV kréin. Betraff sin ënnert anerem och Patienten wou en Verdacht op Kriibs besteet an déi dréngend eng Ënnersichung brauchen, wéi och chronesch krank Patienten, därer Prise en Charge einfach ënnerbrach gin ass, wëll se keng COVID-19 Patienten sinn.

 

Des Patienten kënnen net waarden, bis alles erëm normal leeft an do stellt sech och d’Fro, Wéini ass "Alles erëm Normal" ?

Wat machen den betraffen Leit esou laang?

An engem Interview sëet den Här Dr Wilmes P. vun der AMMD:

" ... D'Spideeler waren deemools och esou konzipéiert, datt et verschidde Pavillone gouf, also méi kleng Unitéiten, wou d'Patienten dran hospitaliséiert waren a wou beim Ausbroch vun enger Infektiounskrankheet, dee Pavillon konnt ofgetrennt gi vum Rescht. Esou datt am Rescht eng normal Versuergung konnt weider funktionéieren.

... Mir sinn elo an enger Phas vun der Krankheet ukomm, déi réckleefeg ass, wou d'Zuel vun den Infektiounen an Hospitalisatioune réckleefeg ass. "


Demno kënnen Servicer jo weider fir dé aaner Patiente zur Verfügung stoen?!

Madamm Minister Lenert, iwwer d’Medie maach Dir d'Ausso, et sollt een keng Angscht hunn, och zu dësem Ablack an eng Klinik ze goen an, dass Versuergung vun den aneren Patienten geséchert ass, et géing sech em ALL Patient gekëmmert gin.

Leider kritt Patiente Vertriedung asbl over vun den Patienten ee aneren Echo, nämlech dass deem leider net esou ass.

Duerfir mécht Patiente Vertriedung asbl heimat ee Appell un Iech, Madamm Minister, bei den zoustännegen Instanzen ze intervenéieren, fir sécherzestellen, dass och an där aktueller Situatioun, d'Besuchsrecht, d’Begleedung vun Stierwenden esouwuel ewéi Versuergung vun Allen Patienten geséchert gëtt.