Pressematdeelung : Problemer bei den COVID-19 Tester

18.12.2020

D’Patiente Vertriedung asbl ass déi lescht Wochen ganz oft kontaktéiert ginn wéinst Problemer bei den Covid-Test-Resultater.

Et gëtt Fäll wou een en test heemgeschéckt kritt wou „légèrement“ positif“  oder “douteux”ass , wat bedeit, dass een net weess op Virusverbreedung am Kierper am Ufank oder um Een ass.

Ob Nofro beim Luxembourg Institute of Health, ass der Patiente Vertriedung asbl geroden gi de Leit dann ze soen se sollen innerhalb vun 24-48 Stonnen en neien Test maachen. Dëst fir een méi eendeitegt Resultat kënnen ze kréien.



Op zousätzlech Nofro beim Ministère vun der Santé ass der Patiente Vertriedung asbl matgedeelt gi, dass den Ministère mat den Laboen zum Accord komm ass, dass sie an Fäll déi net eendeiteg sinn, just een “résultat douteux” oder “non-interprétable” un d’Leit sollen erausginn. D’Laboen hunn dann awer och d’Flicht den Patienten ze soen, dass nach een zousätzlechen Test soll gemaach gi.

Leider huet d’Patiente Vertriedung asbl awer missen feststellen, dass d’Patienten mat esou engem Testresultat weiderhin eleng gelooss ginn, d.h. si kréien net matgedeelt, wat Testresultat heescht an, dass si nach eng Kéier mussen een Test maache loossen.

D’Patiente Vertriedung asbl verlaangt dofir, dass am Fall vun engem net kloren Resultat automatesch eng nei Ordonnance mat enger Erklärung zum Resultat un déi Leit ,déi an dësem Fall sinn, geschéckt gëtt. Käschten dierfen dobäi natierlech och net zu Laaschte vun den Patienten falen.