COVID-19 Presentatioun vum Impfplang

02.02.2021

D’Patiente Vertriedung freet sech, dass hier Fuerderung een Impfplang opzestellen elo ëmgesat gin ass. D’Regierung huet gëschter den Impfplang fir gestallt:

An de Phasen 2 bis 6 sollen zwee Krittäre bestëmmen, wie wéini géint COVID-19 geimpft gëtt. Engersäits spillt den Alter eng Roll, anerersäits verschidde Krankheetsbiller. Ufank Mäerz soll déi nächst Phas ufänken.



Fréistens Ufank Mäerz fänkt déi 2. Phas vun der Vaccinatiouns-Campagne un: da gi Leit iwwer 75 Joer invitéiert, fir géint Covid geimpft ze ginn. An der Phas 2 ginn nieft deenen Eeleren iwwer 75 Joer awer och Leit vaccinéiert, déi wéinst enger existenter Krankheet als "hautement vulnérable" bezeechent ginn. Dozou gehéieren Erwuessener mat enger Trisomie 21, Leit, déi eng Organspend kruten oder kréie sollen a Persounen, déi eng Knachemuechtransplantatioun kruten

An der Phase 3 gi Persounen tëschent 70 a 74 Joer invitéiert, ronn 22.600 Persounen, an ënnert anerem Leit, déi eng Immunschwächt hunn, mee net vu Gebuert un.

An och schwéier Häerzkranker, Nierekranker, déi an der Dialyse sinn, Persoune mat Demenz, Leit mat enger schwéierer Liewerzirrhose a morbid obèse Persoune ginn an der Phase 3 geimpft.

An der Phase 4 ass et un deenen tëschent 65 a 69 Joer, eng 27.500 Persounen, an eng Rei Krankheeten, déi dem Santésdirekter no relativ heefeg sinn: Diabetiker mat Komplikatiounen, déi d'Gehier, d'Häerz oder d'Bluttgefäässer betreffen, Leit mat Komplikatiounen duerch héije Bluttdrock a Persoune mat enger neuromuskulärer Krankheet mat klinesche Repercussiounen.

An d'Phase 5 falen déi tëschent 55 a 64, laut STATEC 77.000 Leit zu Lëtzebuerg.

An d'Phas 6 kënnt dann de Recht vun der Populatioun zu Lëtzebuerg, woubäi verschidde Gruppen awer virgeholl ginn, zum Beispill Persounen, déi an Institutiounen oder a Flüchtlingsheemer liewen.

Sollten Impfstoffer op de Marché kommen, déi zum Beispill bei eelere Persounen net recommandéiert wieren, kéint een d'Impfstrategie och nach upassen a verschidde Beruffsgruppe virhuelen. An der aktueller Strategie wier et net virgesinn, Frontalieren z'impfen, sot d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert.

Et gi keng Lëschte gemaach, wie sech impfe gelooss huet, mee Leit, déi eng 1. Invitatioun net wouer geholl hunn, kënne sech awer mellen, fir eng nei ze kréien. D'Gesondheetsministesch sot iwwerdeems, si géing domat rechnen, datt d'nächst Woch eng éischt Liwwerung vun eppes iwwer 11.000 Impfdose vun AstraZeneca géif ukommen, déi definitiv Confirmatioun hätt een allerdéngs nach net.

Kanner ënner 16 Joer ginn net geimpft.

Dës Informatioune goufen et e Méindeg de Moie vun de Responsabele vun der Santé.

Betount gouf, datt et net kann ausgeschloss ginn, datt geimpft Persounen, déi sech no der Impfung ustiechen, aner Leit kënne mam Virus ustiechen.



 Impfplang.pdf (446 KiB)